
Aktuell sinn 129 (+5) Persounen hospitaliséiert, dovunner 22 (+3) op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 3.468 aktiv Infektiounen a 56.864 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze goufe bis ewell 86.556 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,12. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
E Sonndeg hat d'Santé keng Zuele publizéiert. Dofir goufen déi e Méindeg nogereecht. No waren vun 9.333 Tester der 292 positiv. Vun den dräi Leit, déi e Méindeg als gestuerwe gemellt goufen, ass eng Persoun op e Samschdeg ze zielen an zwou op e Sonndeg.
Da gouf et och nach Indicen, wat d'Impfunge betrëfft: Bis e Samschdeg den Owend kruten 65.851 déi éischt Dosis an 20.705 vun hinnen och schonn eng Zweet.