
Wéi d’Police präziséiert, sti si am dréngende Verdacht géint d’Rauschmëttelgesetz verstouss ze hunn. Bei Perquisitioune goufe relevant Géigestänn, ënner anerem och Drogen, eng Gaspistoul, Telefonen, Drogenaccessoiren an eng gréisser Zomm Boergeld sécher gestallt.
Op Uerder vum Parquet goufe déi 3 Verdächteg festgeholl. Si koumen e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.
