Cour d'appel30 Joer Prisong, 5 dovu mat Sursis probatoire, fir e Mann
RTL Lëtzebuerg
Dat wéinst engem Mord am Juni 2018 zu Schëffleng. D'Oplo besteet an enger Therapie vu senger Aggressivitéit.
Update: 08.12.2025 17:02
Et war him virgehäit ginn, seng deemools 45 Joer al Liewenspartnerin ëmbruecht ze hunn. An der Koppel war et ëmmer nees zu Konflikter komm an um Owend virun de Faiten zu engem Sträit, deen den anere Moie fréi eskaléiert war.