
Wéi de Contacto e Mëttwoch geschriwwen huet, wier d’Firma Toitures Martino zanter Méint an de Laberente gewiescht an d’Personal hätt scho mat der Faillite gerechent.
30 Salariéë si vun der Faillite vum Betrib betraff, déi deels schonn zanter Méint op hir Pai waarden, wéi de Contacto vum LCGB gewuer gouf. Deemno wier d’Faillite net onerwaart komm. Am November d’lescht Joer hätte scho misse Camionnetten an anert Material versteet ginn, fir datt de Patron Scholden zréckbezuele konnt.