
D’Tripartite debattéiert jo grad driwwer, wéi een déi héich Energiepräisser ka sozial offiederen. Parallel gouf den Delai fir eng Allocation de Vie chère respektiv eng Energie-Prime unzefroe vun der Regierung bis Enn Oktober verlängert.
Op RTL Nofro deelt de Familljeministère mat, datt bis Enn August eng ronn 31.000 Demandë beim Fonds National de Solidarité era komm sinn.
Dëst entsprécht der globaler Zuel vun den Demanden, souwuel fir d’Allocation de vie chère wéi och fir d’Energieprime – well fir béid Demanden dee selwechte Formulaire benotzt gëtt.
All d’Beneficiaire vun der Allocation de vie chère sinn nämlech och eligibel, fir d’Energieprime kënnen ze kréien. De Géigendeel ass awer net de Fall, sou datt d’Zuel vun de Beneficiaire vun der Allocation de vie chère méi kleng ass, wéi där vun de Leit, déi d’Energieprime ufroen.
Mëtt dëser Woch wäert och nach eng weider Campagne lancéiert ginn, fir d’Leit iwwer d’Verlängere vum Delai opmierksam ze maachen.
Donieft huet de Familljeministère och déi 30 Offices sociaux uechter d’Land, grad wéi och d’Gemengen iwwer d’Verlängere vum Delai informéiert.