Pro Schoul goufe maximal 2 Schüler acceptéiert an um Enn hu sech 32 Jonker qualifizéiert. Dat souwuel aus dem fréiere Classique wéi och aus dem fréieren Technique, an deem et well och e Fach gëtt iwwer philosophesch Froen.
Nodenken! Am wäite Sënn, et kann een iwwer alles philosophéieren ass dat interessant un der Saach, kee konkrete Sujet, alles ass Philosophie, seet de jonke Mann, obschonns hien d’Fach selwer nach guer net hat, nëmmen Ethik an de Cours Vie et société. Hien huet offensichtlech awer eng grouss Freed um Denken an Argumentéieren. Hien ass schonn aktiv am Philoscafé vu senger Schoul, fir de Cours muss de Kian Frantz, Schüler am LAML, awer bis 1ère waarden.
Freed um kriteschen Denken verbënnt all dës Jonk, déi um leschte Schouldag virun der Vakanz bei schéinstem Wieder fräiwëlleg hir Iwwerleeungen iwwer Erkenntnistheorie politesch Philosophie oder Ethik zu Blat bruecht hunn, sou de Jean- Luc Thill, Organisateur a Philosproff: Dat iwwergräifend Thema ass "Identitéit", och duerno goufen an engem Workshop derzou Froen formuléiert, esou zum Beispill an der Erkenntnistheorie: Kann de Mënsch sech selwer erkennen?

De But ass souwisou net, fir bei der Internationaler Olympiade am Mee zu Roum gewannen ze kënnen - déi 2 Bescht qualifizéieren sech, fir matzemaachen, mee et geet drëm ze weisen, sou de Lukas Held, Organisateur a Philosproff, dass d’Philo kee verstëppst Fach ass, mee vill Leit sech derfir interesséieren, dass eng Dynamik an Interêt do ass.
An dofir gouf et fir déi 1. Editioun och guer kee Problem, genuch Kandidaten ze fannen, sou de Jean- Luc Thill: Eigentlech ganz am Géigendeel, wann ech déi Schoul kucken, wou ech lo sinn zu Dikrech, do melle sech vläicht 5-6 Leit, herno hate sech der 19 intern gemellt, wou der 2 nëmme kënnen op Walfer kommen.