
Sou goufen zejoert aus dem Boni vum Lotterie-Verkaf 33 Milliounen € weider verdeelt an eng 250 Projete finanzéiert, déi am sozialen, kulturellen a sportlechen Domaine organiséiert goufen a wou Leit am Fokus stinn, deenen et net sou gutt geet.
De Gros vun de Suen (knapp 19 Milliounen Euro) si vun der Oeuvre un den Nationale Solidaritéitsfong an déi 30 Sozialbüroen am Land weider iwwerwise ginn. Alles an allem konnt d'Loterie Nationale hiert Joer mat engem Brutto-Akommes vu bal 100 Milliounen Euro ofschléissen, déi bei de verschiddenen Zorte vu Glécksspiller zesummekomm sinn.
Net all Demande ka vun der Oeuvre guttgeheescht ginn, mee vun engen 380 Ufroen, konnten der wéi gesot eng 250 vum Etablissement public ugeholl ginn. Projeten, déi finanziell ënnerstëtzt goufen, sinn ënner anerem "Living Memory", Wuerzelwierk, den Handball am Rollstull an de Projet "Ugegraff".
Presidentin vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ass zanter 4 Joer d'Konschthistorikerin Danièle Wagener, Vize-Presidentin d'Simone Flammang an den Direkter ass den Emile Lutgen.