An der Géigend vun Aansebuerg fonnt34 Joer ale Vermësste vun Tënten ass dout

RTL Lëtzebuerg
De Mann vun Tënten, deen no engem Vëlostour an der Géigend vun Aansebuerg zanter e Méindeg vermësst gouf, gouf bei enger grousser Sich dout fonnt.

Weider heescht et vun der Police, datt et éischten Erkenntnisser no keng Hiweiser op Friemawierkung gëtt.

De Parquet huet eng Obduktioun vun der Läich ordonéiert, fir déi genee Doudesursaach erauszefannen.

Schonn en Dënschdeg waren de Vëlo an eng weider perséinlech Géigestänn vum Vermësste fonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO