Alkohol, Kollisiounen an AccidenterËmmer méi dacks kënnt et zu Accidenter am Zesummenhang mat E-Trottinetten, woubäi et deels schro Blessure ginn

Andy Brücker
D'Police gräift an hirem Bulletin um Sonndeg de Moien eng Partie Tëschefäll mat E-Trottinetten eraus.
Accidenter mat E-Trottinette bréngen ëmmer méi dacks schro Blessure mat sech.
© Archivfoto

E Samschdeg de Moie géint 10:20 Auer krut d'Police en Accident zu Esch gemellt, bei deem eng Persoun mat enger E-Trottinett gefall ass. Éischt Informatiounen deiten drop hin, dass de Chauffer wuel net opgepasst huet an doduerch gefall ass. D'Persoun gouf um Kapp blesséiert an huet musse fir eng Kontroll an d'Spidol. Domadder war d'Affär awer nach net gelaf, well d'Polizisten hunn d'E-Trottinett méi genee ënnert d'Lupp geholl a festgestallt, dass dës eng Vitess vu bis zu 55 Stonnekilometer um Tacho ugewisen huet, wat definitiv méi séier ass wéi erlaabt. Deementspriechend gouf och e Protokoll geschriwwen.

E Samschdeg am Nomëtteg, géint 16 Auer, krut d'Police en Accident tëscht engem Vëlo an enger E-Trottinett gemellt. Geschitt ass dësen um Vëloswee zu Éilereng. De Cyclist gouf bei deem Accident verwonnt an eng Enquête soll elo klären, wéi et genee zum Accident komm ass.

D'Police gëtt dann och nach Detailer zu engem Accident dee schonn den 1. September géint 21 Auer geschitt ass. Hei ass e Chauffer vu enger E-Trottinett um Lampertsbierg gefall a mam Kapp widder de Spigel vun engem Auto geschleidert ginn. De Chauffer vun der Trottinett gouf dobäi ganz uerg verwonnt. Den Alkoholtest war iwwerdeems positiv. Op Nofro bei der Police war et d'Prezisioun, dass d'Persoun mëttlerweil net méi a Liewensgefor wier. D'Kontroll vun der Trottinett huet iwwerdeems erginn, dass dës den technesche Virschrëften entsprach huet.

Back to Top
CIM LOGO