
E Samschdeg den Owend géint 18:30 Auer gouf et méi schwéieren Accident op der A6, tëscht Stroossen an dem Briddel. E Motocyclist war hei mat senger Maschinn gefall. Nieft de Pompjeeë vu Mamer an Hesper, gouf och de Stater SAMU grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad an den Asaz geruff. Eng Persoun ass bei deem Accident verwonnt ginn.
E weidere Blesséierte gouf et géint 19:10 Auer op der Streck tëscht Steebrécken a Féiz. Och hei war e Motocyclist gefall. D'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Schëffleng waren op der Plaz.
Zu Réimech "Op der Kopp" ass um Sonndeg kuerz no 2 Auer een Automobilist bäigaangen. D'Rettungsdéngschter vun Réimech hu sech ëm den Asaz gekëmmert. Et blouf beim Materialschued .