Am Rond-point Fridhaff359 Automobiliste goufe kontrolléiert, 6 haten ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet hat d'Police an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg am Rond-point Fridhaff eng gréisser Alkoholkontroll gemaach.

Am ganze goufen 359 Automobilisten ugehalen an hu mussen en Alkoholtest maachen. A sechs Fäll war dësen Test positiv. Dräimol goufen et procès-verbaux, an zweemol en Avertissement taxé. Ee Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO