Op eise Stroossen4 Accidenter mat Vëlosfuerer a Motorradfuerer um Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS e Sonndeg am Nomëtteg gemellt huet, gouf et bei den Accidenter véier Blesséierter.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

Kuerz viru 14.30 Auer ass e Cyclist tëscht Manternach a Berbuerg gefall an huet sech wéigedoen.

D'selwecht ass et engem Vëlosfuerer zu Koplescht kuerz viru 15 Auer gaangen.

Géint 15.30 Auer ass dunn e Motocyclist gefall. Dat tëscht Giwenech a Mompech. Hei war och de Samu op der Plaz.

Um 16.30 Auer war och zu Eeschwëller an der Duerfstrooss e Motorradfuerer gefall. Och dës Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO