Permisen agezunn4 Automobilisten haten op Hellegowend ze vill gedronk

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg waren der Police direkt e puer Chauffer gemellt ginn, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL Archiv

Géint 19 Auer gouf de Beamten en Automobilist zu Diddeleng op engem Parking gemellt, dee wuel ënner Alkoholafloss stéing. Bei der Kontroll, bei där de Mann sech net kooperativ gewisen huet, war d’Resultat vum Alkoholtest iwwert dem erlaabte Wäert. Doriwwer eraus huet sech erausgestallt, datt et schonn e Fuerverbuet bis Mäerz 2004 géint de Mann gouf. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto immobiliséiert.

Op der A7 war géint 1 Auer en Auto a Schlaangelinnen ënnerwee. No enger Sich nom Gefier konnt de Chauffer op der N8 tëscht Reckeng a Miersch gestoppt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv, sou datt de Permis ofgeholl gouf.

Tëscht Béiwen-Atert an dem Gréiweknapp war géint 2 Auer en Auto vun der Strooss ofkomm. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt den Automobilist en ze héijen Alkoholpeegel hat. De Fürerschäin gouf och hei agezunn.

E weidere Chauffer war schonn e Samschdeg am Nomëtteg wéinst Alkohol um Steier gemellt ginn. E Fuerverbuet gouf ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO