CGDIS4 Blesséierter bei 3 Accidenter um Donneschdeg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Bei allen Accidenter, déi am CGDIS-Bulletin ernimmt ginn, waren zwee Autoe matenee kollidéiert.

Géint 13.40 Auer huet et um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy gerabbelt. Eng Persoun war hei verwonnt ginn.

Quasi ëm déi selwecht Zäit gouf et en Accident op der A13 Richtung Péiteng. Och hei gouf et 1 Blesséierten.

Géint 14.35 Auer dann gouf et eng Kollisioun tëscht 2 Autoen op der N6 tëscht Mamer a Capellen. Hei hu mussen zwou Ambulanzen op d’Plaz geruff ginn, well zwou Persoune verwonnt goufen.

Back to Top
CIM LOGO