CGDIS4 Blesséierter bei 3 Accidenter um Freideg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 23 Auer waren op der N1 Gréiwemaacher Richtung Potaschbierg 3 Autoen an en Accident verwéckelt. Zwou Persoune goufen hei verwonnt.

Géint 21.40 Auer ass zu Bäerdref an der Rue de Consdorf en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Wéi d’Police mellt, ass de Chauffer ënner Alkoholafloss gefuer. Hien hätt an enger Kéier no riets d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a wier du géint e Bam gerannt. De Chauffer koum liicht blesséiert an d’Spidol.

Kuerz virun 19 Auer dann hat et schonn um Potaschbierg gerabbelt, wéi zwee Autoen net laanschtenee komm waren. Och hei gouf et ee Blesséierten ze notéieren.

Back to Top
CIM LOGO