
Et waren 2 Ambulanzen an d'Pompjeeë vun Esch op der Plaz. Déi 2 Autoe krute sech frontal ze paken, nodeems een Auto beim Iwwerhuelen op der Géigespuer war. Béid Chauffere koumen an d'Spidol. De Chauffeur deen iwwerholl hat, war dann och alkoholiséiert.
Zu Esch dann nach e weideren Accident um Boulevard Pierre Krier géint 18.30 Auer. Hei hat en Automobilist d'Kontroll iwwer säi Won verluer a géint e Bam gerannt. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf hei agezunn.
Permis lass waren dann och Automobilisten an der Areler Strooss, respektiv an der Stroossbuerger Strooss an der Stad. All Kéiers gouf ze déif an d'Glas gekuckt.
Op der A3 Richtung Gaasperecher Kräiz koum et géint 16.45 Auer zu enger Kollisioun tëscht direkt e puer Gefierer. Just eng Persoun gouf allerdéngs blesséiert. D'Ambulanz vu Beetebuerg gouf geruff, grad ewéi d'Pompjeeë vu Réiser a Beetebuerg.
Géint 19.40 dann huet et op der N35 tëscht Helfent a Bartreng gerabbelt. Beim Accident vun engem Auto gouf 1 Persoun verwonnt. D'Pompjeeë vu Bartreng an d'Stater Ambulanz hu sech ëm den Accident gekëmmert.