CGDIS4 Blesséierter bei 4 Accidenter um Méindeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS hat nawell bëssen eppes ze dinn. Gerabbelt hat et tëscht Hamm a Sandweiler, zu Kielen, zu Ettelbréck, grad ewéi an der Stad um Bvd de la Pétrusse.

Kuerz no 7 Auer sinn tëscht Hamm a Sandweiler zwee Autoen anenee gerannt. Géint 9.45 Auer ass zu Kielen um Scharfeneck en Auto accidentéiert a géint 10.20 Auer sinn zu Ettelbréck an der Rue du Deich en Auto an e Bus net laanschtenee komm.

Nëmme puer Minutte méi spéit war et et weideren Accident tëscht engem Bus an engem Auto, dëst an der Stad um Boulevard de la Pétrusse. Hei huet och de SAMU mussen an den Asaz. Bei all dësen Accidenter gouf et jeeweils 1 Blesséierten.

E Sonndeg den Owend géint 18.30 Auer sinn tëscht Sëll e Bruch an Auto an e Moto matenee kollidéiert. D’Secouristen aus der Nordstad a vun Tënten hu sech ëm ee Blesséierte gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO