Op eise Stroossen4 Blesséierter bei Accidenter

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg gouf de CGDIS 4 Mol wéinst Accidenter op eise Stroossen an den Asaz geruff.

um 12 Auer gouf um Wandhaff e Vëlosfuerer ugestouss. D’Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vu Stengefort waren op der Plaz.

Géint 13.10 Auer hate sech zu Stengefort 2 Autoen ze pake kritt. Och hei goufen d’Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vu Stengefort geruff, fir sech em eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Um 14.43 Auer waren dann zu Hamm 2 Autoe matenee kollidéiert. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.

Ëm 14.50 Auer waren zu Donkels 2 Autoen aneneegerannt. D’Ambulanz vu Wolz an d’Pompjeeë vu Wolz a Wanseler waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO