
D'Police, d'Ambulanz vu Jonglënster an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. 1 Persoun gouf blesséiert.
Eng weider Kollisioun gouf et géint 19.30 Auer op der A4 a Richtung Esch/Uelzecht. Hei krute sech 2 Gefierer ze paken. De Bilan ass 1 Blesséierten. Am Asaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Esch an d'Monnerecher Pompjeeën.
Géint 21.30 Auer gouf ee Verkéiersaccident tëscht 2 Autoen zu Rodange an der Lonkescher Strooss gemellt. 2 Mënsche goufe verwonnt. Sur place waren d'Ambulanz vu Péiteng a Suessem-Déifferdeng, de Samu sud an d'Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng.
D'Käerjenger an d'Péitenger Pompjeeën hunn och ëm 22:30 Auer missen agräifen. Zu Péiteng an der Rue de la Chière ass Damp aus engem Haus komm. Et gouf kee Blesséierten.