
Véier Blesséierter e Samschdeg den Owend kuerz virun hallwer 6 bei engem Accident tëscht zwee Autoen an der Stad. Do waren och um 19.40 Auer zwee Ween net laanschtenee komm. Bei deem Accident mellt de CGDIS awer just ee Blesséierten.
10 Minutte méi spéit war zu Habscht en Motorradschauffer gefall, dee sech dobäi wéi gedoen huet. Ëm déi selwecht Zäit krut zu Uewerpallen en Auto e Bam ze paken. De CGDIS mellt och hei ee Blesséierten.
Kuerz no 7 e Sonndeg de Moie war op der Escher Autobunn an Direktioun Esch en Auto an d’Leitplanke gaangen. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert, ewéi de CGDIS matdeelt. Um 11.30 Auer goufen d’Rettungsequippen duerch en eCall - en automateschen Noutruff aus dem Auto eraus - an den Asaz geruff. Dat op d’Streck tëscht Sandweiler an dem Scheedhaff, wou et och ee Blesséierten ze melle gëtt.