Boulevard Royal4 Blesséierter no Kollisioun tëscht Bus a Foussgänger

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie géint 9.50 Auer koum et um Boulevard Royal op der Héicht Hamilius zu enger Kollisioun.

Hei war e Bus an e Foussgänger gerannt. Am Ganze goufen et 4 Blesséierter, dorënner 3 Passagéier aus dem Bus.

Informatioune vun der Police no wier kee schwéier blesséiert ginn.

Op der Plaz waren zwou Ambulanzen aus der Stad, de CIS aus der Stad an d'Police. Weider Informatioune feelen nach.

Kontroll iwwer Auto verluer an a Bam gerannt - Kee Blesséierten

E Mëttwoch den Owend um 18.50 Auer koum et op der Streck tëscht Bidscht a Wolz zu engem Accident.

Hei hat een Automobilist d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer a war an ee Bam gerannt. De Chauffer gouf net blesséiert, de Bäifuerer ass zur Kontroll mat an d'Spidol geholl ginn, konnt no enger kuerzer Kontroll awer och heemgoen.

Auto geklaut zu Ollem

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf dann nach zu Ollem an der Gemeng Kielen ee wäisse Range Rover Velar mat der Lëtzebuerger Plack LB 8153 geklaut.

Back to Top
CIM LOGO