
D'Pompjeeë vu Schëffleng an d'Ambulanz vun Esch goufen an den Asaz geruff.
Géint 17.30 Auer war op der N19 tëscht Reisduerf a Méischtref an Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vun Dikrech, grad ewéi d'Pompjeeë vu Reisduerf a Bettenduerf waren op der Plaz.
Da goufen et nach 4 Bränn, dat zu Ouljen, zu Béiwen, an 2 mol an der Stad. Et blouf all Kéiers beim Materialschued.