Déidlechen Accident vu Petz Hartert4 Joer Prisong, dovunner 3,5 op Sursis fir schëllege Chauffeur

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch ass am Prozess ëm den déidlechen Accident, bei deem de Museker Petz Hartert ëm d'Liewe komm ass, d'Urteel gesprach ginn.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Um Stater Geriicht gouf de jonke Mann, deen den 3. Oktober 2017 op der Streck tëscht Biissen an dem Rouscht een Accident verursaacht hat, bei deem den 53 Joer ale bekannte Lëtzebuerger Museker Petz Hartert säi Liewe verluer hat, e Mëttwoch schëlleg gesprach.

Den deemools 23 Joer ale Chauffeur war ze séier an ouni gültege Fürerschäin ënnerwee. Hie krut an éischter Instanz 48 Méint Prisong, dovunner 42 op Sursis an 30 Méint feste Fuerverbuet, plus 66 Méint de Permis nëmme fir op d'Aarbecht. Déi Strof gouf och gesprach, well de Mann scho virun deem Accident an och duerno ëmmer rëm géint Verkéiersreegele verstouss hat, spréch ouni Fürerschäin ënnerwee war.

Back to Top
CIM LOGO