Véier nei Kardiologe konnt d’Ettelbrécker Spidol, den CHdN, zanter Dezember fir sech verflichten. D’Opreegung war jo grouss, wéi am Hierscht erauskoum, datt sechs vu siwen Häerzdokteren d’Klinik verloosse géifen. Am Dezember scho wier ee Kardiolog bäikomm, deen als Koordinator ernannt gouf, fir en neie Grupp opzestellen, erkläert den Dr Jean-Marc Cloos, medezineschen Direkter vum Ettelbrécker Spidol um RTL-Mikro. Dës Woch wier den Agrément mat dräi weidere Kardiologen ënnerschriwwe ginn.
“Also fir eng continuité des soins mat 30 Garden de Mount, mengen ech, datt et gutt wier, fir e Minimum vu 4 Dokteren ze hunn. Dat hu mer jo elo. Da muss een awer elo mam Grupp kucken, ob déi 4 duerginn oder ob se dee Moment 5 oder 6 wëllen. Et sinn nach e puer Kandidaturen do, déi mer awer bis elo net consideréiert hunn. Dat heescht, wann de Grupp duerno awer seet, mir wëllen zu 5, 6 oder 7 sinn, dat decidéiere si mat.”