Coronavirus zu Lëtzebuerg4 Persoune gestuerwen, vu 545 Tester waren der 34 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 584 läit.

Aktuell si 65 (-1) Persounen hospitaliséiert, dovunner 11 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.175 aktiv Infektiounen a 47.974 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO