
Et huet een eng 40 formell Demanden erakritt, fir den nächsten Mount am Chômage partiel ze schaffen, dat ass de Stand vun e Freideg de Moien. Domadder wieren 2.800 Persoune vun der Mesure concernéiert.
De Konjunkturcomité kënnt dann och schonn den 18. Mäerz am Wirtschaftsministère zesummen. D'Entrevue vum 23. Mäerz fält viraussiichtlech aus.