
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg, Sonndeg a Méindeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn 33 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.292.710 Impfdosisse genotzt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
E Freideg goufen 216 Leit positiv getest, e Samschdeg 135, e Sonndeg waren et 21 an e Méindeg 30 positiv PCR-Tester. D’Santé deelt ausserdeem mat, datt dobäi e Méindeg nach 13 Leit positiv getest goufen, déi viru méi wéi 90 Deeg schonn emol eng Infektioun haten.