
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell sinn 10 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.281.568 Impfdosisse genotzt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 0,68. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Méindeg bei 3,24 Prozent.