
Déi gesichte Fra ass ongeféier tëscht 1,60m an 1,70m grouss, huet laang hellbrong Hoer, eng hell Haut an eng schlank Statur.

Fir déi leschte Kéier hat si eng gro Jackett, eng gro Box mat schwaarzen a rosa Turnschong un. Och soll si eng khaki-brong Posch dobäi hunn.
D’Police hat schonn am Nomëtteg e Sonndeg eng groussraimeg Sichaktioun mat Helikopter an Hënn lancéiert gehat.
Informatiounen an Indice si fir d’Police aus der Stad, dat ënnert dem 244 40 1000 oder iwwer Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.