D’Magistraten, d’Fonctionnairen an Employéë vun der Administration judiciaire hu sech mussen e bëssi gedëllegen, bis si hiren Neijoerschpatt konnten drénken. Eng 50 Minutte laang hu si fir d’éischt de Rieden nogelauschtert. Bei dëse gouf et da kee Moment vu groussen Iwwerraschungen.
D’Suergen an der Cité judiciaire bleiwen eigentlech schonn zanter Joren déi selwecht. Op Plaz eent steet ëmmer nach d’Feele vu Riichter. “Mer hunn zanter Méint a bal alleguerten de Corpse Plazen, déi opstinn, well mer keng Magistraten hunn, fir déi Posten ze besetzen. Dat féiert natierlech dozou, dass mer net komplett operationell sinn”, huet de President vun der Cour supérieure Thierry Hoscheit am Ufank vu senger Ried ënnerstrach. Doduerch kéint d’Aarbecht net esou effikass gemaach ginn, wéi se sollt.
Déi aktuell Situatioun soll sech awer ganz geschwë scho verbesseren. Vun 276 Magistraten 2024 soll ee bis de September op 370 kommen. Dëst awer ënnert der Viraussetzung, dass ee géing Leit fannen, fir d’Plazen ze besetzen, huet de Procureur général d’Etat John Petry ugemierkt. An 10 Deeg ginn da scho mol 42 Attachéen, déi ugangs 2025 rekrutéiert goufen, op verschidde Plazen affektéiert. Si missten dann awer nach weider forméiert ginn.
Eng 20 Poste wieren aktuell awer och net besat, well dës Leit zum Beispill mi-temps oder temps partiel schaffen. Absencen, déi net kéinten opgefaange ginn, esou den Thierry Hoscheit. Och op de Friddensgeriichter wier weiderhin e Manktem u Riichter, well d’Attachéeën net kéinten dohinner detachéiert ginn. Vu 45 Posten, déi et op der Cour d’Appel ginn, sinn dann aktuell 7 Plazen net besat.
Nieft dem Personalmanktem goung et awer och nees ëm de Plazmanktem. “Laangfristeg geet kee Wee un enger neier Cité judiciaire laanscht. Mer si lo am ganze Stadzentrum verdeelt”, huet de John Petry betount. Dëst wier net sënnvoll fir de Fonctionnement. Dofir géing eng nei Cité judiciaire gebraucht ginn. D’Justizministesch Elisabeth Margue huet da matgedeelt, dass een e Programmist am Ausland fonnt hätt, fir dëst ze plangen. E Programmist wier en Expert, deen d’Besoinen elo géing determinéieren.
E weidere Problem wier dann d’Digitalisatioun. 10 Joer scho gëtt vu Paperless Justice geschwat. “Ech muss soen, dass d’Resultater leider éischter enttäuschend sinn. Mir hu lo de Fax esou lues opginn, mee mer schaffen ëmmer nach op Pabeiersdossieren”, sot de John Petry an hat domat d’Laache vun de Mataarbechter op senger Säit. D’Manéier, wéi geschafft géing ginn, wier ëmmer méi anachronistesch. Dofir wier et elo wichteg ze probéieren, déi verlueren Zäit opzehuelen. 2025 hätt ee scho vill dorunner geschafft.
Zejoert goufen et 80 Condamnatioune wéinst Raubiwwerfäll, mat am Duerchschnëtt Prisongsstrofe vun dräi Joer. Am Beräich vum Abrochsdéifstall goufen et iwwer 200 Condamnatioune mat am Schnëtt Prisongsstrofen ëm zwee Joer. Zesumme mat der Police goufen et dann iwwer 200 Arrestatiounen am Zesummenhang mat Drogentrafic. “Ech soen dat alles, fir d’Iddi zréckzeweisen, dass mer eng Justiz hätten, déi passiv ass a laxistesch. Dat ass net de Fall an dat kann ech nëmmen zréckweisen”, huet de John Petry ënnerstrach. Et misst ee sech awer trotzdeem a Fro stellen. Zum Beispill wat d’Reaktivitéit an d’Delaien ugeet. Och wann dat net ëmmer just géing an der Hand vun der Justiz leien. An et misst ee sech d’Fro stellen, ob déi Strofen, déi gesprach géinge ginn, adaptéiert wieren a genuch géingen ofschrecken.
Den Thierry Hoscheit huet um Schluss vu senger Ried nach de Wonsch un déi Responsabel vun der Politik geriicht, dass d’Struktur vun der Carrière vun de Magistrate misst komplett iwwerduecht ginn. Déi entspriechend Propositioune géinge schonn um Büro vun der Ministesch leien.