
Zanter 1998 hu sech am Grand-Duché 44 Jugendlecher d’Liewe geholl. Dat geet aus der gemeinsamer Äntwert vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an dem Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vum Nancy Kemp-Arendt ervir.
D’Deputéiert wollt wëssen, ob et géing stëmmen, datt Suicide vu Jugendlechen an deene leschte Méint zougeholl hätten. Dat wier hiren Informatiounen no de Fall. An der Äntwert heescht et, datt d’Zuele fir d’Joer 2022 nach provisoresch sinn, ma bis elo ass keen eenzege Suicide vun engem Jugendlechen (Persounen am Alter vun 10 bis 19 Joer) an deem Zäitraum bekannt.
D’Ministere liwweren och direkt d’Statistik fir déi lescht 25 Joer mat. Doraus geet ervir, datt sech tëscht 1998 an 2021 44 Jugendlecher d’Liewe geholl hunn. An deem Zäitraum gouf et an 18 Joer op mannst ee Suicide. Dräimol koum et vir, datt sech innerhalb vun 12 Méint véier Jonker d’Liewe geholl hunn. Opfälleg ass, datt an Duerchschnëtt 75 Prozent vun de Concernéierte männlech sinn. Déi lescht Fäll goufen am Joer 2020 enregistréiert. Et huet sech ëm dräi jonk Männer am Alter vun 19 an 18 Joer gehandelt.
Preventioun als wichtege Pilier
Déi genee Ursaache wieren der Regierung net bekannt. Virzeeche géingen zwar ëmmer existéieren, wieren awer net offensichtlech an och keen däitlechen Hiweis op eng Suicide-Intentioun. Verschidde Virzeeche wieren awer ëmmer seriö ze huelen, beispillsweis reegelméissegt Schwätzen iwwert den Dout, de Réckzoch vu Frënn a beléiften Aktivitéiten, Verschenke vu geléifte Géigestänn, Recherchéiere vu Stierfmethoden oder ongewéinlecht Risikoverhalen.
Mat Bléck op den nationale Suicide-Plang ass et d’Ausso, datt Preventioun ee wichtege Pilier bei der Ënnerstëtzung vun der mentaler Gesondheet ass. Dowéinst gi bis d’Joer 2025 500 Persounen, déi a Lycéeë schaffen, inklusiv Enseignanten, forméiert fir d’Unzeechen a Risikofacteure bei Jonken an Erwuessenen ze erkennen an doropshin ze agéieren. An all Lycée ass zudeem eng Ekipp vu Postvention present. Postventioun ass eng Interventioun bei Hannerbliwwenen, déi ee léiwe Mënsch duerch ee Suicide verluer hunn. Si ginn an hirem Trauerprozess begleet fir eng Imitatioun vum Suicideverhalen ze reduzéieren. Doriwwer eraus géing ee sech erhoffen, datt de Remboursement vun de Psychotherapien een Impakt op den Taux vu Suicide bei Jonke wäert hunn, well doduerch den Zougank zu enger Therapie vereinfacht gëtt.
Persounen, déi Suicidegedanken hunn, kënne sech op verschiddene Plaze professionell Hëllef sichen:
www.454545.luwww.prevention-psy.lu