
Den 30. Mäerz huet d’Cynthia de Schlëssel vun hirem Doheem ofginn a probéiert dëser Deeg dat Onméiglecht méiglech ze maachen. D’Fra, déi anonym bleiwe wëll an déi mer dofir just mat engem Virnumm nennen, dee mir erfonnt hunn, sicht, mat zwee Mindestléin, intensiv no engem neien Doheem fir si, hire Partner an hir Kanner am Alter vun 3, 5 a 7 Joer. Si an hire Partner sinn 2021 an eng Wunneng vun der Fondation pour l’accès au logement geplënnert, mat engem Kontrakt op dräi Joer. Hinne goufen dono nach 6 weider Méint am Appartement accordéiert, mä zënter dem 1. Juli 2024 hat d’Famill kee Recht méi drop an där Wunneng ze sinn. 21 Méint méi spéit wier elo de Huissier mat der Police komm.

De Rendez-vous war fir den 31. Mäerz moies um 9 Auer fixéiert. Dat stoung esou am Bréif, deen d’Cynthia an hire Mann kruten, mä souwäit wollt d’Koppel et net komme loossen, fir d’Kanner net ze traumatiséieren. Also ass alles méi oder manner heemlech agepaakt ginn an den 30. huet d’Famill d’Dier hannert sech zougemaach, ouni en neit Doheem an Aussiicht ze hunn. Fir de Kanner keng Angscht ze maachen, huet eng Noutlige missten hier, wéi d’Cynthia erzielt.
“Ech hu gesot, mir géifen e puer Deeg an d’Vakanz fueren, mä si froen awer, wéini datt mer erëm heem ginn. Ech hu probéiert Léisungen ze sichen, vun eppes anescht ze schwätzen, mä et si Kanner, si kommen ëmmer erëm op dat selwecht Thema zeréck.”
Dat seet d’Cynthia am RTL-Interview zu Lonkech. D’Famill ass do an engem vun den Hotelle laanscht d’Autobunn ënnerkomm. Vu Vakanzestëmmung mierkt een an deem ganz modesten Zëmmer näischt. Fernsee kucken an um Bett sprangen, dat ass deen eenzegen Zäitverdreif, deen d’Kanner hunn.
D’Cynthia kontaktéiert eng Immobilienagence no där anerer. Dat huet se och an deene leschte Woche reegelméisseg gemaach an e puer Mol d’lescht Joer an dat virdrun, mä nach ier si e Rendez-vous fir eng Visitt ka maachen, kritt si e puer Froe gestallt. Zum Beispill wéi grouss de Stot ass, wéi héich de Verdéngscht a wéi eng Aarbechtskontrakter datt d’Koppel huet.
“De Problem sinn ëmmer d’CDIen (Contrat à Durée Indéterminée) an et muss ee 7 bis 8.000 Euro de Mount zur Verfügung hunn, well mir brauchen en Appartement mat 3 Kummeren. Wann ech elo eng Wunneng fannen, déi all Mount 2.500 Euro kascht, da muss ech 8.000 Euro de Mount verdéngen. Wéi soll dat goe mam Mindestloun?”
D’Cynthia an hire Mann kréien de Mindestloun. Hien huet e CDI, mä d’Cynthia huet e CDD bei enger Beschäftegungsinitiativ, an dat och eréischt zënter kuerzem. Erëm kënne schaffen ze goen a Suen ze verdéngen, war fir d’Mamm vun dräi Kanner e Liichtbléck an d’Gaardenaarbecht déi si mécht, gefält hir richteg gutt.
“Ech sinn um Cap Vert op d’Welt komm, meng Famill hat vill Gaart, mir hu vill do geschafft. Elo ass et net nëmmen eng Aarbecht, mä et ass wéi eng Therapie. Wann ech eppes maachen, fäerdeg sinn an d’Resultat gesinn, dat hëlleft mir méi wéi bei en Dokter ze goen a Stonnelaang mat deem ze schwätzen. D’Gehier schafft och an dat deet mer immens gutt an ech hu super Kolleegen, och d’Cheffen. Mir laache vill zesummen an och wann ech traureg sinn, si sichen ëmmer no enger Léisung.”
Eng vun den Aarbechtskolleeginnen, hat dem Cynthia e Kontakt weider ginn, vun enger Famill, déi aus dem Burkina Faso kënnt a bei sech am Haus Zëmmer verlount, an do hat d’Fra no eisem Interview e Rendez-vous, dee ganz positiv ausgaangen ass. D’Cynthia kritt déi zwee Zëmmer fir maximal zwee Méint, a wéinst där prekärer Situatioun och zu engem bessere Präis.
“Ech si frou an erliichtert a manner gestresst. Et ass gutt.”
D’Cynthia an hir Famill konnte sech bësse Sputt verschafen, mä et ass eng Iwwergangsléisung a keen neit Doheem.
Firwat huet eng Famill mat 3 Kanner d’Wunneng, an där se déi lescht Jore gelieft huet, an déi se iwwer d’Fondation pour l’accès au logement kritt hat, misse verloossen? Déi Fro hu mer dem Direkter vun der Stëftung gestallt, déi knapp 800 Stéit hei am Land ënnerstëtzt a mat hinnen zesummen un hirer Zukunft schafft. A genee dat ass de sprangende Punkt. Wann een eng Wunneng iwwer d’Fondatioun kritt, kritt een déi net einfach esou, mä parallel gëtt mat de Leit selwer e soziale Projet ausgeschafft.
Dee Projet huet als Zil, d’Situatioun vun de Leit ze verbesseren. Dofir gëtt fir d’éischt eng sozial Enquête gemaach, fir ze gesinn, wou si stinn. Da gëtt mat deene Betraffene gekuckt, wéi si hiert Liewe verbessere kënnen. Zu deem Projet kann zum Beispill gehéieren, datt ee Sue spuert, Scholden zeréckbezilt, eng Aarbecht sicht, eng Ausbildung mécht, oder datt een de Fürerschäi mécht, net onbedéngt dee vum Auto, mä eventuell dee vum Bus oder vum Camion.
D’Leit ginn dono net mat hirem Projet eleng gelooss, mä si engagéiere sech mam soziale Service vun der Fondatioun a mat engem externe Service, wéi zum Beispill dem Office social zesummenzeschaffen, esou den Direkter vun der Fondation pour l’accès au logement, de Gilles Hempel. Normalerweis géif dat ganz gutt funktionéieren, an deem Fall net.
“Ouni elo ze vill kënnen an den Detail ze goen, kann ech awer soen, datt d’Leit sech déi éischt dräi Joer net un hir Engagementer gehalen hunn an och net aktiv mat eise soziale Servicer collaboréiert hunn. Dunn huet eis Kommissioun decidéiert, de Leit nach eng Verlängerung ze gi vu sechs Méint, fir hinnen d’Chance ze ginn, fir awer mat eis ze collaboréieren. No deene sechs Méint, wou och eng intensiv Sozialaarbecht gemaach gouf, huet eis Kommissioun leider misse feststellen, dass d’Situatioun sech net verbessert huet, esou datt d’Kommissioun dunn decidéiert huet, keng Verlängerung méi ze ginn.”
Net fir der Koppel an hiren dräi Kanner ze schueden, mä fir anere Leit eng Chance ze ginn, betount de Gilles Hempel. Nieft deene knapp 800 Stéit, déi vun der Fondatioun gehollef kréien, gëtt et nämlech och eng Waardelëscht op där eng 1.600 Stéit stinn.
“Wa mer natierlech eng Famill hunn, déi hir Chance net wëll notzen - déi ass natierlech fräi elo net mat engem Sozialaarbechter zesummenzeschaffen, mä da ka se och net bei eis bleiwen. Da gi mer léiwer enger anerer Famill eng Chance, déi motivéiert ass, un hirer Situatioun ze schaffen.”
Alles anescht wier net fair vis-à-vis vun deene Leit, déi op der Waardelëscht stinn, esou de Gilles Hempel, deen och drop hiweist, datt een zu Lëtzebuerg net einfach esou op d’Strooss gesat gëtt, mä datt nach ëmmer d’Gemeng oder den Office social hëlleft. An dësem konkrete Fall huet d’Famill an der Gemeng Stengefort gewunnt an de Buergermeeschter Sammy Wagner confirméiert, datt hien a si iwwert de geplangten Déguerpissement a Kenntnis gesat gi sinn. An Zäite wou Wunnraum esou knapp ass, huet d’Gemeng awer och keng Sozialwunneng, déi eidel steet.
“Deen eenzege Moment, wou eng Wunneng bei eis eidel steet, ass wann energeetesch Sanéierungen ustinn, mä grondsätzlech hu mir keng Wunneng fräi stoen. Dat heescht an esou engem Fall wéi deem do, wende mir eis un eisen Office social.”
Mat de Sozialaarbechter gëtt da gekuckt, wéi een hëllefe kann, mä dat ass net ëmmer einfach. Och net wann et ëm eng Famill mat dräi Kanner geet.
“Den Office social huet lénks a riets telefonéiert a gekuckt, wou et Moyene gëtt, a wou ee se kuerzfristeg kann ënnerdaach bréngen. Mir hunn natierlech och versicht, mëttelfristeg oder längerfristeg eng Léisung ze fannen, an hu ronderëm telefonéiert, fir ze kucken, ob et soss nach Léisunge gëtt. Ech war selwer dru bedeelegt d’lescht Woch, an et war alles aneschters wéi einfach, an op eiser Säit hu mer nach keng dauerhaft Léisung fonnt. Mer hunn eng zwou Pisten an Aussiicht, déi à ce stade villverspriechend kléngen.”
D’Famill probéiert weider op eege Fauscht en neit Doheem ze fannen a jidderee wënscht sech en Happy End.