“Et freet ee sech, firwat esou eppes geschitt. Déi kriminell Energie, déi déi Leit haten. Déi Loscht, einfach nëmmen eppes ze zerstéieren”. Dëst seet de Marc Ries, Buergermeeschter vu Betzder am RTL-Interview.
“Et ass e Wee vun der Verwüüstung, dat sech duerch d’ganzt Gebai zitt. Déi Leit musse relativ laang hei gewiescht sinn. Si hu geziilt ee Klassesall nom anere geholl. Insgesamt 9 Säll si komplett zerstéiert”.
An de leschte Woche gouf et an der Gemeng Betzder scho Probleemer mat Vandalismus. Feierläscher goufen an ëffentleche Gebaier eidel gemaach. Zwou ëffentlech Toilette goufe rezent zerstéiert. De Buergermeeschter geet och dovunner aus, dass déi Persoun/déi Persoune sech am Gebai auskannt hunn. Ronderëm d’Schoul hänken nämlech 4 Kameraen um Site. Op kenger wäre Persounen drop z’erkennen. D’Brigange sinn iwwer eng Fënster oder Dier erakomm. Genee wär dat den Ament nach net festzestellen. Eemol am Schoulgebai huet d’Zerstéierung ugefaangen. De Gros vun der Verwüüstung ass um 1.Stack geschitt.
“Si hu geziilt all Computer mat héchstwarscheinlech engem Feierläscher zerstéiert. Och Laptop an Ecran. Och déi digital Tafele goufen zerstéiert. Op wäit iwwer 100.000 Euro Schued gëtt des muttwëlleg Zerstéierung chiffréiert.”
“Ech hoffen, datt se fonnt ginn. Datt se zur Verantwortung gezu ginn. Datt se eng Konsequenz erliewen”.
Dëst seet d’Marie-Claire Ruppert, 1. Schäffe vun der Gemeng Betzder. Si wënscht sech awer och, dass d’Elteren doheem mat de Kanner iwwer dëse Virfall schwätzen. Dat dëst thematiséiert gëtt.
D’Police Technique war op der Plaz, fir Spueren ze sécheren. Um Mëttwochmoie waren och 2 Agente vun enger Assurancëgesellschaft an der Schoul, fir de Schued ze chiffréieren. Mëttlerweil ass och d’Botzekipp am Asaz. E Méindeg soll de Schoulbetrib no 2 Woche Vakanz nees kënnen normal ufänken.
Déi Responsabel vun der Gemeng hunn eng Plainte bei der Police deposéiert. All Info, all Observatioun, déi ee kann tëscht Ouschtersonndeg an Ouschterméindeg gemaach hunn, ass fir den 113.