
Dës Runnen-Zort ass eng invasiv Aart hei am Land, déi opgrond vum Klimawiessel ëmmer méi dacks am Grand-Duché heemesch gëtt, an domat eng Gefor fir déi national Biodiversitéit duerstellt. Dofir gëtt et en Noutfallplang, dee vun engem Experte-Grupp, ënnert der Koordinatioun vun der Natur- a Bëschverwaltung an der ALVA opgestallt gouf.
Et geet drëms, d’Kolonië vun den asiatesche Runne signifikativ ze reduzéieren.
Dofir kréien och Privat-Leit gehollef, wa se Näschter wëllen ewechmaache loossen. Tëscht 50 an 300 Euro, jee no Gréisst vun der Populatioun an Nascht, kann een u Subsidë kréien. Dofir ass e Spezialist néideg. De Formulaire an d’Conditioune fir déi Hëllef ze kréien, fënnt een op guichet.lu.