Mat engem Messer an d'Broscht44 Joer al Fra wéinst versichtem Mord un hirem Ex-Partner ugeklot

RTL Lëtzebuerg
Um Dikrecher Geriicht muss sech eng Fra vu 44 Joer wéinst versichtem Mord veräntweren.

Et gëtt hir virgehäit, am Oktober 2018 zu Réiden hiren haut 42 Joer alen Ex-Partner mat engem Messer an d’Broscht gestach ze hunn.

Versichte Mord / De Reportage vum Eric Ewald

D'Affer hat, wéi e Geriichtsmedeziner sot, mat vill Gléck iwwerlieft, well d'Messer hat déi lénks Haaptschlagoder duerchstach. Bei sou enger, "absolut liewensgeféierlecher Blessur" géif een nämlech normalerweis bannent Minutte verbludden.

Duerch déi ca 10cm déif Wonn hätt d'Affer zwar vill Blutt verluer, sech no der Operatioun awer séier erholl, soudass et no zwou Wochen aus dem Spidol koum.

Den Dag vun der Dot wär am fréien Owend beim 112 den Appell vun enger Fra agaangen, dass ganz séier eng Ambulanz op Réide komme sollt; si hätt hire Frënd ofgestach, riicht an d'Häerzgéigend, sou den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire.

Stonne virdru war de Mann vun der Aarbecht heem- an et zu Diskussiounen an der Koppel komm, déi ophale wollt mat drénken; d'Fra wär sech ee Moment leeë gaangen, well et hir schlecht war, a wéi si erwächt wär, war de Mann fort. Si wär dovun ausgaangen, dass hie bei enger anerer Fra wär; si wär dohi gaangen, déi Fra hätt net opgemaach, ma en Noper gesot, dass de Mann an d'Haus eragaange wär.

D'Fra wär dunn heemgaangen an hätt Branntewäi gedronk; en Alkoholtest, no der Dot, hat ronn 2,5 Promill erginn! Wéi de Mann zréckkoum, hätt si hie gefrot, ob hie bei där anerer Fra war; hien hätt Nee geäntwert, wouropshi si e Messer geholl a gesot hätt, si géif hien iergendwann eng Kéier domat picken.

Op dem Mann seng Äntwert hin „Ma da maach et direkt!“ hätt si effektiv zougestach; de Mann wär zesumme gaangen a si schockéiert gewiescht. Si hätt hien awer net wëllen ëmbréngen, mä him just wëlle wéi doen, hat d'Fra engem Neuropsychiater erzielt, dee keng mental Stéierunge bei der Fra constatéiert hat.

An dëser Affär stellt sech an der Haaptsaach d'Fro nom Virsaz, well d'Fra eng knapp Stonn virun der Dot engem anere Mann géintiwwer um Telefon gesot hätt, si géif dem spéideren Affer e Messer an de Bauch stiechen.

Dee Mann um Telefon gëtt um Donneschdeg gehéiert.

De Prozess soll dann och op en Enn kommen.

Back to Top
CIM LOGO