
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell si 35 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.292.477 Impfdosisse genotzt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,16. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
E Freideg goufen 248 leit positiv getest, e Samschdeg 181 an e Sonndeg waren et 24 positiv PCR-Tester. D’Santé deelt ausserdeem mat, datt dobäi e Sonndeg nach 13 Leit positiv getest goufen, déi viru méi wéi 90 Deeg schonn emol eng Infektioun haten.