
Bei der Kontroll vu bal zwou Stonne waren 20 Beamten aus verschiddenen Unitéiten aus der Policeregioun Zentrum-Osten am Asaz. 100 Automobiliste goufe kontrolléiert an 80 Mol gouf sech net un de Code de la route gehalen.
An 48 Fäll gouf protokolléiert, ënner anerem well:
Wéi d’Police präziséiert,gouf et och e Protekoller well iwwerholl gouf trotz Iwwerhuelverbuet, kee valabele Permis konnt gewise ginn, d’Pabeiere vum Gefier net an der Rei waren oder d’Placken net uerdentlech ze gesi waren.
Do dernieft gouf et nach 22 Verstéiss well sech falsch geparkt gouf an ee Protokoll vun engem Automobilist, deen ënner Alkohol- an Drogenafloss stoung, gouf un de Parquet weidergeleet. Dës Persoun duerft och net méi weiderfueren an huet den Auto nach op der Plaz misse stoe loossen.