
E Bauer war am Gaangen, am Stall ze schaffen wéi – aus bis ewell ongekläerter Ursaach- de Stalltrakter ëmgekippt ass an de Mann ënnert sech begruewen huet. De Samu war op der Plaz, ma de Mann ass u sengen schwéier Blessuren gestuerwen. Et handelt sech beim Mann ëm den 49 Joer ale Propriétaire vum Bauerenhaff.
De Samu vun Ettelbréck war op der Plaz.
Zu Jonglënster ass géint 16 Auer e Foussgänger vun engem Bus ugestouss ginn a gouf dobäi liicht blesséiert.
Zu Lëppscht huet et um Sonndeg géint 14.30 Auer op der Haaptstrooss gerabbelt. Dobäi gouf eng Persoun liicht blesséiert.