Äntwert op parlamentaresch Fro5.000 Schnelltester kéinte pro Dag an den Asaz kommen

RTL Lëtzebuerg
Zanter zwou Wochen huet Lëtzebuerg eng gréisser Commande vu Schnelltester, déi disponibel fir den Asaz sinn.

D'Santé schreift vun enge 5.000 Schnelltester, déi potentiell pro Dag kéinten agesat ginn. Fir den Asaz vun dësen Antigen-Tester festzeleeën, gouf zeréckbehalen, datt dës Tester sënnvoll si bei suspekte Symptomer tëscht dem 1. an dem 4. Dag, grad wéi beim Diagnostik vum Personal mat liichte Symptomer a Spideeler a CIPAen.

Do dernieft sollen d'Schnelltester a Strukture fir Demandeurs d'Asyl a beim Tri vu symptomatesche Patiente bei Doktesch-Cabineten a Spidols-Urgencen an den Asaz kommen.

Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, nodeem d'CSV-Deputéierten Hansen a Wiseler an enger parlamentarescher Fro dës Prezisiounen nogefrot haten.

Den Ament wier d'Santé amgaangen, d'Zuel vun de Schnelltester, déi jee no Situatioun gebraucht ginn, z'evaluéieren.

Wann eng Persoun iwwer 65 Joer huet, gëtt vu Schnelltester ofgeroden.

Op Basis vun aktuelle wëssenschaftlechen Etüden iwwer Schnelltester réit d'Santé och dervun of, fir systematesch esou Tester anzesetzen, wann ee wëll u Familljefeieren deelhuelen oder wëll als Spectateur bei sportlechen a kulturellen Evenementer dobäi sinn.

PDF: Äntwert vum Paulette Lenert op parlamentaresch Fro vum Claude Wiseler a Martine Hansen

Back to Top
CIM LOGO