
Detailer goufen et keng, gewosst ass just, dass een Auto an den Accident involvéiert war. D’Ambulanz aus der Fiels huet sech ëm dee Betraffene gekëmmert.
Zu Iechternach ware géint 20.30 Auer d’Pompjeeën gefuerdert, well Hecken a Brand stoungen. Dat Ganzt war séier ënner Kontroll an et ass kengem eppes geschitt.
Kuerz virun 10 Auer en Dënschdeg de Moien ass op der A13, Suessem-Käerjeng en Auto op d'Kopp gaang. 3 Leit goufen dobäi blesséiert.
Géint 10.40 Auer huet et an engem Gebai an der Rue du Brill zu Bieles gedämpt a kuerz virun 11 Auer krute sech op der Escher A4 an Direktioun Esch 2 Ween ze paken.
Géint 13 Auer hat et zu Bartreng op der Lonkecher Strooss gerabbelt. 3 Persoune goufe verwonnt.
Géint 16 Auer gouf et en Accident op der Areler A6 tëscht dem Gaasperecher an dem Zéissenger Kräiz. Hei ass ee Blesséierten ze notéieren.