
Géint 11 Auer war zu Péiteng en Auto an de Summerwee geroden. Hei gouf eng blesséiert Persoun vun de lokale Rettungsekippe behandelt. Zu Huelmes war kuerz no 12 e Cyclist ugestouss a blesséiert ginn. D’Ekippe vun Tënten, Lëntgen an de Rettungshelikopter waren op der Plaz. E Motorradsfuerer war zu Iernzen gefall. Versuergt gouf hie vun de Rettungsdéngschter vun Hiefenech an aus der Fiels.
Fënnef Blesséierter mellt de CGDIS dann, wéi géint 13.15 Auer zu Esch en Accident passéiert ass, bei deem eng Persoun ugestouss gouf. Am Asaz waren déi lokal Ekippen an hir Kolleege vu Schëffleng an aus der Stad. Ma et ass an der Minettmetropole awer net roueg bliwwen, well knapp 20 Minutte méi spéit gouf op enger anerer Plaz eng weider Persoun ugestouss. Hei hunn d’Ekippe vu Péiteng a Suessem/Déifferdeng ausgehollef.
D’Ekippe vum 112 ware schonn e Freideg den Owend zwee Mol wéinst engem Accident am Asaz.
Op der N12 vun Tënten a Richtung Sëll war et géint 18.23 Auer zu engem Accident komm, bei deem eng Auto géint e Géigestand gerannt ass, wéi aus dem CGDIS-Bulletin ervirgeet. Eng Persoun gouf bei der Kollisioun blesséiert. D’Rettungsdéngschter vu Réiden a vun Tënten waren op der Plaz.
D’Ambulanciere vum SaDiff an d’Pompjeeë vun Esch waren eng hallef Stonn drop géint 18.53 Auer gefuerdert, nodeems et an der Rue de Belval zu Esch tëscht zwee Autoe geknuppt hat. Och hei gouf et ee Blesséierte bei der Kollisioun.