CGDIS5 Accidenter mat e puer Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS e Sonndeg de Moie mellt, huet et an de leschte Stonnen op de Lëtzebuerger Stroossen direkt e puer Mol geknuppt.
© Archiv

4 Verkéiersaccidenter gouf et e Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg.

Bei zwee Motorradsaccidenter um 17 Auer e Samschdeg zu Leideleng an zu Suessem goufen zwee Motocycliste blesséiert.

Kuerz virun 23 Auer dunn ass en Auto op der A13 a Richtung Schengen an de Gruef gefuer an um 3 Auer e Sonndeg de Moien huet sech en Auto zu Uewerkuer op der Bielesser Strooss iwwerschlo. Bei béiden Accidenter wier kengem eppes geschitt, sou de CGDIS a sengem Bulletin.

E Sonndeg de Moie gouf et nach een Accident mat engem Auto an der Rue Lucien Salentiny zu Ettelbréck. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO