
Um CR121 tëscht dem Blummendall a Jonglënster ass géint 8.05 Auer eng Automobilistin mat hirem Won an e Bam gerannt, nodeems si d’Kontroll iwwer hiert Gefier verluer hat. Hei mellt de CGDIS dräi Blesséierter. Wéi d’Police preziséiert, souzen d’Fuererin an zwee Kanner am Auto, déi alleguerte blesséiert goufen, awer nach aus eegener Kraaft aus dem Won klamme konnten. Ënnert anerem war de Samu vun Ettelbréck am Asaz. D’Strooss war no 9.20 Auer nees fir den Trafic op.
Géint 8.10 Auer gouf et op der A3 an Direktioun Stad bei der Sortie Léiweng eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Motocyclist. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
Da mellt de CGDIS nach e Foussgänger, deen e Méindegmëtteg vum Tram ugestouss a blesséiert gouf.