CGDIS5 Blesséierter bei 4 Accidenter um Samschdeg de Mëtteg

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Accident tëscht Kautebaach a Konstem huet mussen de SAMU an den Asaz. E Motocyclist war hei mat senger Maschinn gefall.

Deen Accident war géint 15.40 Auer.

Tëscht Biissen an dem Lellerhaff ass en Automobilist mat sengem Gefier an e Potto gerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Tëscht dem Biergerkräiz a Bäreldeng ware géint 14.20 Auer zwee Autoen net laanschtenee komm. Bei deem Accident goufen zwou Persoune blesséiert.

Kuerz no 13 Auer ass zu Esch an der Rue de l’Arbed en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO