
Géint 7.13 Auer koumen zu Nidderkäerjeng an der Rue de la Reconnaissance Nationale en Auto an eng Camionnette net laanschteneen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vu Käerjeng.
Zu Dikrech an der Rue Clairefontaine gouf géint 7.37 Auer eng Persoun bei enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer blesséiert. D’Rettungsdéngschter aus der Nordstad waren um Asaz.
Kuerz virun 8 Auer sinn zu Garnech an der Rue des Trois Cantons zwee Autoen anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun dobäi blesséiert a vun der Ambulanz vu Mamer an de Pompjeeë vu Koler versuergt.
Bei enger Kollisioun géint 10 Auer tëscht zwee Ween um CR161 tëscht Diddeleng a Beetebuerg goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz am Asaz waren d’Ambulanze vun Diddeleng a Beetebuerg souwéi d’Pompjeeë vun Diddeleng.
Wéi den CGDIS weider matdeelt, koum et um 11.19 Auer op der A7 tëscht dem Mierscher Tunnel an der Ausfaart Schëndels zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer, bei där eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanz vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Bissen a Miersch waren am Asaz.
Kuerz virun 14 Auer huet zu Itzeg an der Rue de Bonnevoie e Koup Holz gebrannt, d’Pompjeeë vun Hesper an aus der Stad waren op der Plaz. Zu Zolwer war et dunn um 14.53 Auer e Brand an engem Haus an der Rue Pierre Frieden, d’Pompjeeë vun Suessem-Déifferdeng, Esch a Käerjeng souwéi d’Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng hu sech dem Problem ugeholl. A béide Fäll ass keng Persoun zu Schued komm.
Um 15.14 Auer ass dann nach een Auto um Kreiwenkel zu Gilsdref accidentéiert, hei gouf eng Persoun verwonnt. D’Nordstadambulanz an d’Pompjeeë vu Bettenduerf waren am Asaz.