CGDIS5 Blesséierter bei 5 Accidenter vun e Freideg op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Tëscht e Freideg 17 Auer an e Samschdeg de Moie 4 Auer goufen et uechter d'Land eng ganz Partie Accidenter, bei deenen och all Kéiers ee blesséiert gouf.

Kuerz no 17 Auer e Freideg gouf zu Esch e Motocyclist blesséiert, wéi hie mat sengem Gefier gefall ass.

Géint 17.20 Auer huet et an der Beetebuerger Strooss zu Fenteng an engem Appartement gebrannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.

Kuerz virun 23 Auer sinn dann am Stater Gronn en Auto an e Motorrad net laanschtenee komm. De Motocyclist war vun der rue de la Tour Jacob a Richtung rue du Rham ënnerwee, wéi hien an en Auto gerannt ass, dee grad am gaange war ze parken. De Motocyclist gouf schwéier blesséiert a koum an d'Spidol.

Kuerz no 23 Auer ass tëscht Ierpeldeng an dem Fridhaff en Auto accidentéiert. Eng Persoun gouf blesséiert.

A géint 4 Auer e Samschdeg de Moie gouf bei engem Autosaccident zu Zéisseng eng weider Persoun blesséiert. Hei waren nieft der Ambulanz an de Pompjeeën och de Samu am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO