
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Koplescht an d'Ambulanz aus der Stad.
Zu Allerbuer op der Feitsch krut en Donneschdeg ëm 11.30 Auer e Camion en Auto ze paken. De Bilan ass hei 1 Blesséierten. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Klierf, Ëlwen, Wëntger, de Samu an d'Ambulanz vu Wolz.
1 Verwonnte gouf et bei engem Verkéiersongléck zu Bouneweg am Parking Rocade. D'Stater Ambulanz a Pompjeeë ware sur place.
Eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer gouf et géint 15.35 Auer zu Reckeng op der Mess. Och hei gouf 1 Persoun blesséiert. D'Monnerecher Pompjeeën an d'Beetebuerger Ambulanz waren op der Plaz.
Geknuppt hat et och zu Eschduerf/Katrewang - hei sinn 2 Autoen net laanschtenee komm. 1 Blesséierten ass hei de Bilan.
D'Pompjeeën hunn an der Mëttesstonn och zu Trënteng missen agräifen. Do hat eng Kiche Feier gefaangen.