
Hei gouf eng Persoun verwonnt, de Samu war op der Plaz. Kuerz virun 8.30 Auer ass zu Schëffleng eng Persoun ugestouss ginn, och hei war de Samu am Asaz. Um 10.15 Auer koum et zu Wuermer zu enger Kollisioun mat 3 Gefierer. De CGDIS mellt 3 Verwonnter. De Rettungshelikopter war op der Plaz.
Zu Leideleng krute sech en Dënschdeg géint 19.30 Auer en Auto an e Moto ze paken. Dobäi gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech de Samus-Noutdokter gekëmmert huet. Géint 17.40 Auer en Dënschdeg den Owend huet zu Waldbëlleg en Daach gebrannt. Déi lokal Pompjeeë goufe vun hire Kolleegen aus der Fiels, aus der Nordstad a vu Konsdref ënnerstëtzt.