Alkohol oder héich Vitess5 Chauffere kruten de Permis ewechgeholl

RTL Lëtzebuerg
5 Chaufferen hunn e Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg hire Führerschäi verluer, wéinst Alkohol respektiv ze héijer Vitess.
© RTL Archivbild

Wéi d'Police schreift, koum et 2 Mol och zu Accidenter. Zu Beefort war e Mann e Freideg den Owend géint 20 Auer mam Auto an de Gruef gefuer, ass erausgeklommen, huet e Schëld ëmgepucht an ass fort getierkelt. Hie gouf net blesséiert. E spéideren Alkoholtest huet dat duebelt vum erlaabte Wäert ugewisen.

Zu Diddeleng ass en Automobilist esou fest op eng Verkéiersinsel geknuppt, datt déi viischt Achs vu sengem Auto komplett verbéit war an hien net méi weiderfuere konnt. Och dëse Chauffer gouf net blesséiert, hat awer däitlech ze vill gedronk.

A béide Fäll war de Permis fort.

Ëm Hallefnuecht gouf e Chauffer um Boulevard de Kockelscheuer mat 116 amplaz den erlaabten 70 km/h gemooss. De Permis gouf agezunn.

Géint 2.30 Auer ass enger Patrull zu Miersch en Auto opgefall, deen um Terrain vun engem Park stoung. De Motor vum Auto war un, ma de Mann huet hannert dem Steier geschlof. En Alkoholtest war positiv an de Führerschäi fort.

Dee leschte Virfall gouf et géint 3.30 Auer an der Areler Strooss zu Stroossen. Och hei stoung en Auto matten op der Fuerbunn mam Motor un.  Bei der Kontroll koum eraus, dass den Auto net uerdentlech ugemellt war an de Chauffer och keng Pabeiere bei sech hat. Den Auto hat donieft nach al Summerpneuen drop. Well d'Beamten op en Alkoholgeroch opmierksam gi sinn, koum nach e positiven Test dobäi an de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO