Alkohol um Steier5 Chauffere kruten um Donneschdeg de Permis ewechgeholl

RTL Lëtzebuerg
Géint 21.25 Auer gouf een opfällege Chauffer op der Streck tëscht Käerch an Habscht gemellt.

De Mann hat ze vill gedronk. De Permis gouf entzunn an et gouf e provisorescht Fuerverbuet.

Op der A3 war et um 18.25 Auer een Automobilist mat geféierlecher Fuerweis Richtung Stad. Op der A7 du gouf dem Chauffer, deen ze vill gedronk hat, de Fürerschäin ewechgeholl.

Géint 15.10 Auer gouf e Mann zu Diddeleng mam Kapp um Steier an oppener Autosdier vun der Police erwächt. Permis fort.

Zu Dikrech konnt um 14 Auer ee Motocyclist an der Rue du Pont de Beamte kee valabele Permis an och keen zoulässegen Helm virweisen. Säi Gefier gouf saiséiert.

Géint 6.15 Auer gouf ee Chauffer an der Cité Militaire zu Dikrech gestoppt. Och hien hat ze vill gedronk, och hie kritt de Permis ewechgeholl.

Back to Top
CIM LOGO